Up

Tippspill Coupe Match

Am Kader vum Coupemätch geint d’Jeunesse Esch huet den FC Jeunesse Jonglënster en Tippspill organiséiert wou 1 Trikot vun der Jeunesse Esch an 1 Trikot vum FC Jeunesse Jonglënster verspillt goufen.

Den Erléis vun deem Spill gouf intégral un d’Associatioun CDM - Centre pour le développement moteur- iwwerwisen. De Präsident vum FCJJ, Claude Kremer, huet dei stolz Somme vu 650 EUR un d’Madame Nicole Schuller, Präsidentin vun der Associatioun, iwwerrecht. Dei 2 Gewënner vum Spill, Claude Hulten a Gros Gil, kruuten hiren Trikot iwwereecht. Merci fir all dei Leit dei beim Spill matgemaach hun an och e grousse Merci un d’Jeunesse Esch fir den Trikot.

Op der Foto v.l.n.r.: Claude Kremer (FCJJ), Nicole Schuller (CDM), Gil Gros, Marc Peters (FCJJ)

Erstellt am 13. February 2020
von mkremer

Kategorie: Club